Heefeg gestallt Froen

Heefeg gestallt Froen

Hei fannt Dir all Froen iwwer HorecaComeback. Dir hutt nawell nach eng Fro?
Dann zéckt net, eis iwwer [email protected] kontaktéieren.

Allgemeng

Wat ass HorecaComeback?

HorecaComeback ass eng Initiativ vun enger Rëtsch vun
Horeca-Partner fir zesummen d’Entreprisë vum Horeca-Secteur an dëser
Coronaviruskris ze ënnerstëtzen an Konsumenten ze erméiglechen, an noer Zukunft
hir Liblingsrestauranten, ‑snackbaren caféen ze genéissen. 



Um Site vun HorecaComeback
kënnen d’Amateure vun der Restauratioun Wäertbonge kafen. Dës Bonge bidden en
zousätzlechen Ëmsaz fir d’Horeca-Betriber. Déi sinn nämlech zou, awer hir
Fixkäschte fale weider un. D’Konsumente kënnen de Bong am Betrib hirer Wiel
ëmtauschen, esoubal dësen erëm opspäert.

Fir wien ass HorecaComeback?

HorecaComeback ass fir jiddwereen op, deen Horeca a
Lëtzebuerg ënnerstëtze wëll oder deem säi Betrib opgrond vun de vun der
Regierung am Zesummenhang mat COVID-19 getraffene Moossnamen huet mussen
zoumaachen.

Wéi funktionéiert HorecaComeback?

D’Konsumente
kënnen e Wäertbong fir hire Liblingsbetrib kafen an en da benotzen, wann de
Betrib erëm opspäert. D’Horeca-Betriber kréien de Wäert vun dëse Bongen direkt
guttgeschriwwen. Mat dësem zousätzlechen Ëmsaz kënne se een Deel vun hire
Fixkäschten (déi weider ufalen) bezuelen. All Horeca-Betriber a Lëtzebuerg
kënne sech gratis dofir umellen an, nodeem se vun de Partner ugeholl goufen,
sech op der Plattform registréiere loossen.

Konsumenten

Bis wéini kann ech mäi Wäertbong aléisen?

En iwwer HorecaComeback kaafte
Wäertbong ass bis den 31. Oktober 2020 gülteg. Esou hutt Dir genuch
Zäit, Äre Liblings-Horeca-Betrib ze besichen an erméiglecht Iech et elo schonn,
en iwwer Ären Akaf ze ënnerstëtzen. Wann d’Bonge wärend hirer Gültegkeet
net benotzt ginn, da gëtt de Wäert als Spend un den Horeca-Betrib ugesinn.

Wéi kréien ech mäi Wäertbong no mengem Onlineakaf?

Dir kritt de kaafte Bong per E-Mail zougeschéckt. Dëse Bong enthält
ënner anerem en eenzegaartege QR. Wann Dir de Bong am Betrib aléist, gëtt en
agescannt.

Ech hunn e Wäertbong kaaft, awer ech hunn en nach net kritt. Wat muss ech maachen?

Dat ass iergerlech! Kontaktéiert eis wgl. iwwer [email protected] a mir këmmeren eis
esou séier ewéi méiglech dorëm.

Kann ech och nëmmen en Deel vum Wäertbong aléisen?

Et ass méiglech, nëmmen en Deel vun engem Wäertbong anzeléisen, wann Dir
net de ganze Betrag am Betrib ausgitt. An dësem Fall bleift de Reschtbetrag um
Wäertbong gülteg a ka bei engem zukünftege Besuch am Betrib ausgi ginn.

Kritt de Betrib de Gesamtwäert vum Bong iwwerwisen?

Jo, natierlech. Zil vun dëser Plattform ass virum allem
d’Horeca-Betriber esou gutt ewéi méiglech ze ënnerstëtzen. Deemno iwwerweise
mir de Gesamtbetrag vun de verkaafte Wäertbongen un déi deelhuelend Horeca-Betriber.
D’Partner iwwerhuelen d’Transaktiouns- an Iwwerweisungskäschten.

Meng Fro ass net an dësem FAQ beäntwert, wéi kann ech Iech kontaktéieren?

Kontaktéiert eis wgl. iwwer [email protected].

Garantiefong

Wat kann ech maachen, wann et de Betrib net méi gëtt?

D’Plattform ass geséchert, well #horecacomback sech op
e strukturéiere Garantiefong stëtze kann. Stellt Iech vir: Dir kaaft e Wäertbong
an Ärem Liblingsrestaurant, awer dee Restaurant gëtt et geschwënn net méi. De Garantiefong spréngt an, fir datt Dir
Iech an en aneren deelhuelende Restaurant begi kënnt.

D’Betriber, déi personaliséiert Wäertbonge fir e
beträchtleche Betrag kafe wëllen, profitéiere vu Sonnerkonditiounen. Méi Informatiounen:  [email protected]


Scroll naar boven