Registréiert Ären Horeca-Betrib schonn elo gratis a kritt Ëmsätz, andeem Dir Wäertbonge verkaaft!
Ech si schonn ugemellt a wëll op meng perséinlech Säit zougräifen.
Fir d’Horeca-Betriber
Dir kritt de
Gesamtbetrag vun de verkaafte Bongen all Freideg nom Verkaf vun de
Wäertbongen iwwerwisen. Déi verkaaft Wäertbonge ginn op d’Kontnummer
iwwerwisen, déi Dir bei der Registréierung vun Ärem Betrib op HorecaComeback
aginn hutt. Dës Kontnummer muss op den Numm vun der Entreprise lafen.
Är perséinlech Date gi
suergfälteg a vertraulech veraarbecht. Weider Informatiounen zu dësem Theema
fannt Dir an eiser Dateschutzrichtlinn. D’Date vu Persounen, déi e Bong kafen,
ginn och nëmmen am Kader vun dëser Aktioun benotzt.
Mat der Notzung vun dësem Website si keng Käschte verbonnen.
Nee, d’Horeca-Betriber kréien d’Date vun de Persounen, déi e Wäertbong
fir hire Betrib kafen, net iwwermëttelt. Den entspriechende Betrib kritt awer
jee kaaftem Bong eng E‑Mail an e fënnt och eng Zesummefaassung a sengem
perséinleche Beräich.
Déi kaaft Bonge ginn net als Ëmsaz ugesinn. Nëmme wann de Bong an Ärem
Betrib verrechent gëtt an eppes kaaft gouf, da gëllt dat als Ëmsaz.
Wa vill Konsumenten iwwer HorecaComeback oder anzwousch anescht e
Wäertbong fir Äre Betrib kafen, musse se dëse Bong an Ärem Betrib aléisen. D’Clientë kommen zu verschiddenen Zäitpunkten an d’Chance ass grouss,
datt d’Konsumente méi ausginn ewéi um Bong uginn ass. Dës Weidere stimuléiert
déi direkt Ausbezuelung d’Bezuelungsflëss zu Äre Gonschten.
De Verkaf vun dëser Aart vu Wäertbong ass also net
nëmmen en zousätzlechen Ertrag fir Äre Betrib, en erméiglecht esou de
Konsumenten och, sech op d’erneit Erëffnung vum Horeca ze freeën.
Kontaktéiert eis wgl. iwwer [email protected].
